Eiser Soen von Mil Goerens | ISBN 9783940760777

Eiser Soen

von Mil Goerens
Buchcover Eiser Soen | Mil Goerens | EAN 9783940760777 | ISBN 3-940760-77-3 | ISBN 978-3-940760-77-7
Für Luxemburger

Eiser Soen

von Mil Goerens
De Mil GOERENS huet 3 Bicher op Lëtzbuergesch iwwer Soen aus dem Herzogtum Lëtzebuerg an de Grenze vu 1659 geschriwwen, also ier eis Noperen äis dräi Véierel vun eisem Territoire ofgegarrelt haten.
An den 3 Bicher ass rieds vun:
- Hexen an Hexeprozesser - Hexemeeschteren a vum Däiwel - Hellegen a Wonneren - Tempelritter an anere couragéierte Ritter - Risen an Zwergen - Näischnotzen a raffinéierte Matmënschen - Maarkeréckler an Hiewanen - komesche Jeeër an anere bossege Patréiner - Gespenster a Geeschter - gespenstegen Déieren - Moueren a Suppen - versenkte Klacken an anere Phänomenen - Trauliichter an Ierliichter
Di dräi Bicher si geografesch opgedeelt, an zwar vun Norden no Süden:
Buch 1: D'Kantone Wolz, Dikrech, Miersch, Lëtzebuerg an Esch Buch 2: D'Kantone Klierf, Réiden a Capellen, donieft Neibelgien an d'Province de Luxembourg Buch 3: D'Kantone Veianen, Iechternach, Gréiwemaacher, Réimech an di fréier däitsch Territoire vun der Äifel, willkürlech an Nordwestäifel a Südäifel opgedeelt
Op iwwer 2000 Säiten kritt den intresséierte Lieser eng zimlech détailléiert Iwwersicht, ënnermoolt mat den dozougehéirege Fotoen, iwwer dat wat sech am Mëttelalter an eisen Territoiren zougedroen huet a wat d'Fantasie vun de Leit déi Zäit befligelt huet.