×
De Kollaborateur
von Léon SchadeckAn dësem spannende Roman vum Léon Schadeck geet et ëm d’Ereegnesser aus dem Zweete Weltkrich zu Réimech. Mir begéine Resistenzler Mënschen, déi sech mat Läif a Séil géint de Regime gewiert hunn an esou stännege Geforen ausgesat waren. Zugläich léiere mir Mënsche kennen, déi mat den Däitsche kollaboréiert hunn. Wat huet dës Mënsche motivéiert? E Roman, deen zum Nodenken ureegt.